Karitativen Paella Owend vum 19. Oktober 2024

Bei eisem drëtten karitative Paella-Owend hu mir erëm eng Kéier eng onvergiesslech Nuecht vu Solidaritéit an Zesummenhalt erlieft.
Dank der Generositéit vun eise Gäscht an dem Asaz vun eise Fräiwëllegen hu mir 4.500 € kënne sammelen, déi un d’Associatioun Asha 4 Children an un de Paul Kridel fir de Projet zu Goma gespent goufen.

Dëse Succès weist, wéi staark d’Zesummenhalt an d’Hëllefsbereetschaft an eiser Communautéit sinn. Vill Laachen, Freed a gudde Stëmmung hunn dësen Owend zu eppes Besonneschem gemaach.

Ee groussen MERCI geet un de Paul (Paella), de Vicente et fils (Wäin), eis Museker, Rucolino an un all eis Sponsoren vun der Tombola fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung.

Är Generositéit a Solidaritéit motivéiere eis, och an Zukunft weider esou flott a sënnvoll karitativ Evenementer z’organiséieren.

MERCI UN IECH ALLEGUER

Similar Posts

  • Karitativen Paella Owend vum 12. November 2022

    Karitativen Paella Owend vum 12. November 2022 Bei eisem onvergiesslechen karitativen Paella Owend hunn mir 2.200€ u Gewënn gesammelt. E generéise Geste gouf gemaach andeems mir jeeweils een Don vun 1.100 € un d’Associatioun ROKKU MI ROKKA an un d’Asha 4 Children konnten spenden. D’Gäscht hunn Momenter vu Freed an Emotiounen gedeelt. Den Owend war…

  • Nopeschfest vum 20. Mee 2022

    D’Lenkeschléi’er Frënn ASBL seet all deene Leit, déi um Lenkschléi’er Nopeschfest deelgeholl hunn, e grousse Merci fir hir Générositéit. Ouni déi Hëllef wär et net méiglech gewiescht, esou e schéinen Don un d’ELA Luxembourg ze maachen. Mir soen och eisen zwee Sponsoren Bâtitoiture Sàrl a MiTex Sàrl Merci fir hir Spenden. Lenkeschléi’er Frënn