D’Lenkeschléi’er Frënn ASBL seet all deene Leit, déi um Lenkschléi’er Nopeschfest deelgeholl hunn, e grousse Merci fir hir Générositéit. Ouni déi Hëllef wär et net méiglech gewiescht, esou e schéinen Don un d’ELA Luxembourg ze maachen. Mir soen och eisen zwee Sponsoren Bâtitoiture Sàrl a MiTex Sàrl Merci fir hir Spenden. Lenkeschléi’er Frënn
Similar Posts
Karitativen Paella Owend vum 14. Oktober 2023
Karitativen Paella Owend vum 14. Oktober 2023 Bei eisem zweeten karitativen Paella Owend hun mir 4.700€ zesummen krit. E schéinen Geste gouf gemaach andeems mir een Don vun 4.700 € un d’Associatioun Asha 4 Children konnten spenden. Eis Gäscht hun den Owend zesummen vill Momenter mat Spaß an Freed gedeelt. Mir haten groussen Succès dank…
Ëmzuch mam KLEESCHEN den 03. Dezember 2022
Ëmzuch mam KLEESCHEN den 03. Dezember 2022 An eiser Cité Lenkeschlei huet den éischten Mini-Ëmzuch mam Kleesche stattfonnt. Fir d’Kanner war et eng grouss Freed fir d’Titchen bei den Kleesche sichen ze goen. Hei halen mir eise flotten Nomëtten op Fotoen fest.
Karitativen Paella Owend vum 19. Oktober 2024
Karitativen Paella Owend vum 19. Oktober 2024 Bei eisem drëtten karitative Paella-Owend hu mir erëm eng Kéier eng onvergiesslech Nuecht vu Solidaritéit an Zesummenhalt erlieft.Dank der Generositéit vun eise Gäscht an dem Asaz vun eise Fräiwëllegen hu mir 4.500 € kënne sammelen, déi un d’Associatioun Asha 4 Children an un de Paul Kridel fir de…
Aweihung vun der Haaptquartiersplaz Cécile Biever-Wagner den 23.07.2024
Aweihung vun der Haaptquartiersplaz Cécile Biever-Wagner den 23.07.2024 Dank dem partizipative Projet vun der Gemeng Diddeleng hu mir d’Chance gehat, e neie Projet fir d’Plaz Cécile-Biever-Wagner nei ze plangen an aus eegen Initiativ ëmzesetzen.Mir si stolz, dass mir dëse Projet verwierklechen konnten, an soe der Gemeng Diddeleng e grousse Merci fir hir Ënnerstëtzung.
Karitativen Paella Owend vum 12. November 2022
Karitativen Paella Owend vum 12. November 2022 Bei eisem onvergiesslechen karitativen Paella Owend hunn mir 2.200€ u Gewënn gesammelt. E generéise Geste gouf gemaach andeems mir jeeweils een Don vun 1.100 € un d’Associatioun ROKKU MI ROKKA an un d’Asha 4 Children konnten spenden. D’Gäscht hunn Momenter vu Freed an Emotiounen gedeelt. Den Owend war…
Ëmzuch mam KLEESCHEN den 02. Dezember 2023
Ëmzuch mam KLEESCHEN den 02. Dezember 2023 An eiser Cité Lenkeschlei huet den 2. Mini-Ëmzuch mam Kleesche stattfonnt. Fir d’Kanner war et eng immens Freed, bei de Kleesche ze goen an hir Titchen ze kréien.Dëse schéinen Nomëtten hale mir mat e puer Fotoen fest, fir d’Erënnerung ze deelen.















