Ëmzuch mam KLEESCHEN den 30. November 2024

Am Joer 2024 huet eis Cité Lenkeschlei mat vill Freed den dretten Mini-Cortège vum Kleeschen empfaangen.
D’Kanner, mat grousse glänzegen Aen, haten eng riseg Freed, de gudde Kleeschen ze begéinen an hir kleng Geschenker entgéintzehuelen.
Dësen Nomëtteg voller Laachen, Freed a Magie gouf a Biller festgehalen, fir dës schéi Momenter nach laang an Erënnerung ze behalen.

Similar Posts

  • Karitativen Paella Owend vum 12. November 2022

    Karitativen Paella Owend vum 12. November 2022 Bei eisem onvergiesslechen karitativen Paella Owend hunn mir 2.200€ u Gewënn gesammelt. E generéise Geste gouf gemaach andeems mir jeeweils een Don vun 1.100 € un d’Associatioun ROKKU MI ROKKA an un d’Asha 4 Children konnten spenden. D’Gäscht hunn Momenter vu Freed an Emotiounen gedeelt. Den Owend war…

  • Nopeschfest vum 20. Mee 2022

    D’Lenkeschléi’er Frënn ASBL seet all deene Leit, déi um Lenkschléi’er Nopeschfest deelgeholl hunn, e grousse Merci fir hir Générositéit. Ouni déi Hëllef wär et net méiglech gewiescht, esou e schéinen Don un d’ELA Luxembourg ze maachen. Mir soen och eisen zwee Sponsoren Bâtitoiture Sàrl a MiTex Sàrl Merci fir hir Spenden. Lenkeschléi’er Frënn