D’Lenkeschléi’er Frënn ASBL seet all deene Leit, déi um Lenkschléi’er Nopeschfest deelgeholl hunn, e grousse Merci fir hir Générositéit. Ouni déi Hëllef wär et net méiglech gewiescht, esou e schéinen Don un d’ELA Luxembourg ze maachen. Mir soen och eisen zwee Sponsoren Bâtitoiture Sàrl a MiTex Sàrl Merci fir hir Spenden. Lenkeschléi’er Frënn
Similar Posts
Karitativen Paella Owend vum 18. Oktober 2025
Karitativen Paella Owend vum 18. Oktober 2025 Eng weider Kéier e Moment vu Solidaritéit a Frëndschaft 🌟 Bei eiser véierter Editioun hu mir nees e wonnerschéine Moment vu Matgefill, Frëndschaft a Freed gedeelt.Dank der Generositéit vun eise Gäscht an dem staarke Engagement vun eise Benevolen hu mir 5.000 € sammele kënnen, déi un d’Associatioun Ambulanz…
Ëmzuch mam KLEESCHEN den 03. Dezember 2022
Ëmzuch mam KLEESCHEN den 03. Dezember 2022 An eiser Cité Lenkeschlei huet den éischten Mini-Ëmzuch mam Kleesche stattfonnt. Fir d’Kanner war et eng grouss Freed fir d’Titchen bei den Kleesche sichen ze goen. Hei halen mir eise flotten Nomëtten op Fotoen fest.
Aweihung vun der Haaptquartiersplaz Cécile Biever-Wagner den 23.07.2024
Aweihung vun der Haaptquartiersplaz Cécile Biever-Wagner den 23.07.2024 Dank dem partizipative Projet vun der Gemeng Diddeleng hu mir d’Chance gehat, e neie Projet fir d’Plaz Cécile-Biever-Wagner nei ze plangen an aus eegen Initiativ ëmzesetzen.Mir si stolz, dass mir dëse Projet verwierklechen konnten, an soe der Gemeng Diddeleng e grousse Merci fir hir Ënnerstëtzung.
Ëmzuch mam KLEESCHEN den 30. November 2024
Ëmzuch mam KLEESCHEN den 30. November 2024 Am Joer 2024 huet eis Cité Lenkeschlei mat vill Freed den dretten Mini-Cortège vum Kleeschen empfaangen.D’Kanner, mat grousse glänzegen Aen, haten eng riseg Freed, de gudde Kleeschen ze begéinen an hir kleng Geschenker entgéintzehuelen.Dësen Nomëtteg voller Laachen, Freed a Magie gouf a Biller festgehalen, fir dës schéi Momenter…
Karitativen Paella Owend vum 14. Oktober 2023
Karitativen Paella Owend vum 14. Oktober 2023 Bei eisem zweeten karitativen Paella Owend hun mir 4.700€ zesummen krit. E schéinen Geste gouf gemaach andeems mir een Don vun 4.700 € un d’Associatioun Asha 4 Children konnten spenden. Eis Gäscht hun den Owend zesummen vill Momenter mat Spaß an Freed gedeelt. Mir haten groussen Succès dank…
Ëmzuch mam KLEESCHEN den 02. Dezember 2023
Ëmzuch mam KLEESCHEN den 02. Dezember 2023 An eiser Cité Lenkeschlei huet den 2. Mini-Ëmzuch mam Kleesche stattfonnt. Fir d’Kanner war et eng immens Freed, bei de Kleesche ze goen an hir Titchen ze kréien.Dëse schéinen Nomëtten hale mir mat e puer Fotoen fest, fir d’Erënnerung ze deelen.















