Karitativen Paella Owend vum 18. Oktober 2025

Eng weider Kéier e Moment vu Solidaritéit a Frëndschaft 🌟

Bei eiser véierter Editioun hu mir nees e wonnerschéine Moment vu Matgefill, Frëndschaft a Freed gedeelt.
Dank der Generositéit vun eise Gäscht an dem staarke Engagement vun eise Benevolen hu mir 5.000 € sammele kënnen, déi un d’Associatioun Ambulanz Wonsch iwwereecht goufen.

Dësen Erfolleg weist erëm, wéi vill Zesummenhalen a Solidaritéit eis verbënnt.
Mat vill Laachen, gudder Musek an enger häerzlecher Ambiance ass dës Soirée zu engem richtege Succès ginn.

E grousse MERCI un de Paul fir seng lecker Paella, un den Vicente et fils fir de Wäin, un eis Museker, Rucolino, an un all eis Tombola-Sponsoren fir hire wäertvolle Support.

Är Hëllefsbereetschaft an Generositéit si fir eis déi schéinste Belounung a ginn eis d’Motivatioun, dës flott mënschlech Eventer weiderzeféieren.
Merci un iech alleguer! 💛

Similar Posts

  • Aweihung vun der Haaptquartiersplaz Cécile Biever-Wagner den 23.07.2024

    Aweihung vun der Haaptquartiersplaz Cécile Biever-Wagner den 23.07.2024 Dank dem partizipative Projet vun der Gemeng Diddeleng hu mir d’Chance gehat, e neie Projet fir d’Plaz Cécile-Biever-Wagner nei ze plangen an aus eegen Initiativ ëmzesetzen.Mir si stolz, dass mir dëse Projet verwierklechen konnten, an soe der Gemeng Diddeleng e grousse Merci fir hir Ënnerstëtzung.

  • Karitativen Paella Owend vum 12. November 2022

    Karitativen Paella Owend vum 12. November 2022 Bei eisem onvergiesslechen karitativen Paella Owend hunn mir 2.200€ u Gewënn gesammelt. E generéise Geste gouf gemaach andeems mir jeeweils een Don vun 1.100 € un d’Associatioun ROKKU MI ROKKA an un d’Asha 4 Children konnten spenden. D’Gäscht hunn Momenter vu Freed an Emotiounen gedeelt. Den Owend war…

  • Nopeschfest vum 17. Mai 2023

    Nopeschfest vum 17. Mai 2023 Eis zweet Nopeschfest huet de 17. Mee 2023 stattfonnt. D’Lenkeschlei’er Frënn a.s.b.l. soe villmools Merci un all déi Leit, déi deelgeholl hunn. Ouni är Hëllef wier et net méiglech gewiescht, esou e groussen Don, am Wäert vun 1.300€, un d’Associatioun ELA ze spenden.